Op den Inhalt sprangen

TAS-Diagramm

Vu Wikipedia
Versioun vum 19:49, 13. Sep. 2018 vum Astro-Jupp (Diskussioun | Kontributiounen) (nei).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

Den TAS-Diagramm (TAS= Total Alkali vs. Silica) nom Mike le Bas déngt der Klassifikatioun vu Vulkanitten (Ergossgestengs) duerch d'chemesch Zesummesetzung vum ganze Gestengs. Et ginn d'Inhalte a Gewiichtsprozent un Na2O + K2O an Y-Richtung géint SiO2 an X-Richtung opgedroen.

Dësen Diagramm gëtt benotzt, wann eng Bestëmmung vum Modale Mineralbestand vum Gestengs, wéi fir d'Klassifikatioun am Streckeisendiagramm verlaangt, net méiglech ass. Dat ass dacks bei granuléiert oder glasege Vulkanitten de Fall.

TAS-Diagramm

Den TAS-Diagramm

Den TAS-Diagramm ass a 15 Felder opgedeelt. D'Bezeechnungen vun den eenzelne Felder, d. h. d'Nimm vum Gestengs, hu meeschtens eng Ähnlechkeet am Streckeisendiagramm. Am Eenzelnen sinn dat:

Gestengsnumm Kierzel Bemierkung
Foidit F Benennung nom bestännegstem Foid, wa méiglech. Melilithit fällt och an dëst Gebitt a kann duerch zousätzlech chemesch Kriterien ënnerscheet ginn
Picrobasalt Pc
Basanit an Tephrit U1 Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
Phonotephrit U2
Tephritphonolith U3
Phonolith Ph
Basalt B Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
Trachybasalt S1 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Varianten sinn Hawaiit an Kalium-Trachybasalt
basalteschen Trachyandesit S2 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Varianten sinn Mugearit a Shoshonit
Trachyandesit S3 Déi all Kéier natrium- oder kaliumräich Varianten sinn Benmoreit a Latit
Trachyt an Trachydazit T Ënnerscheedung duerch normativ Mineralogie (CIPW-Norm oder Barth-Niggli-Norm)
basalteschen Andesit O1
Andesit O2
Dazit O3
Rhyolith R

Natriumreich bedeit hei Na2O > K2O, kaliumräich K2O > Na2O

Literatur

  • R. W. Le Maitre et al.: Igneous Rocks: A Classification and Glossary of Terms: : Recommendations of the International Union of Geological Sciences Subcommission on the Systematics of Igneous Rocks. 252 S., Cambridge University Press 2005. ISBN 978-0-521-61948-6