Surveyor 3
Surveyor 3 | |
---|---|
Typ | Moundsond |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Missiounszil | Virbereedung fir bemannt Moundlandungen |
Start | 17. Abrëll 1967, 07:05 UTC |
Startplaz | CCAFS LC-36 |
Drorakéit | Atlas-Centaur AC-10/290D |
Missiounsenn | 4. Mee 1967 |
De Surveyor 3 war déi drëtt Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war Nofolger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. Surveyor 3 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Daten op d'Äerd iwwermëttelen. No Surveyor 1 war et déi zweet US-amerikanesch Sond, déi mëll um Mound gelant an hir Missioun erfëllt hat.
Missioun
D'Surveyor 3 war de 17. Abrëll 1967 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart ginn. Eng Kurskorrektur war, am Géigesaz zu der Surveyor 2, ouni Problemer verlaf. Den 20. Abrëll hat d'Sond den Äerdmound erreecht. An enger Héicht vun 76 Kilometer iwwer der Mounduewerfläch a bei enger Vitesse vun 2.626 m/s goufen déi éischt Bremsrakéite gezünt, déi d'Vitesse op 137 m/s verklengerten. Dueno haten, wéi schonns bei Surveyor 1, den Doppler-Radar an den Héichtemiesser déi weider Landung iwwerhol. Mat Vernier-Dreifwierker sollt d'Sond op de leschte Meteren kontrolléiert ofgebremst ginn. Wahrscheinlech ausgeléist duerch Reflexiounen haten d'Düsen awer ze spéit ofgeschalt, soudatt de Surveyor 3 net mëll opgesat hat, mä dräi kleng „Spréng“ gemaach hat. Den Ofstand tëschent dem éischten an dem zweeten Buedemkontakt war ongeféier 20 Meter, tëschent dem zweeten an dem drëtten ongeféier 11 Meter. D'Sond war dann no der Landung nach ca. 30 cm gerutscht, well de Buedem eng Schréiegt vu 14 Grad hat. Gelant war si 3 Kilometer vum geplangte Punkt am Oceanus Procellarum, ca. 370 km südlech vum Copernicus-Krater.
No engem Funktiounstest hat Surveyor 3 déi éischt vun am Ganzen 6.326 Biller gemaach. Zousätzlech goufen Donnéeë iwwer d'Reflektivitéit vun der Mounduewerfläch, d'Stäerkt vun der Uewerfläch an d'Temperatur vun der Sond gesammelt an iwwermëttelt. Duerch d'Temperatur vun der Sond sollte Réckschlëss op d'Uewerflächentemperatur vum Mound gezu ginn. E Baggerarm hat en 18 cm déiwe Gruef gemaach. Och mat dësem Experiment goufe Réckschlëss op d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch gezunn. Biller vun enger Sonnendäischtert (ausgeléist duerch d'Äerd) gouf och opgeholl.
De Surveyor 3 hat déi lunar Nuecht onbeschiedegt iwwerstanen an hat de nächsten Dag nees Biller an Donnéeë geschéckt. Déi lescht Daten goufen de 4. Mee 1967 um 00:04 UT empfaangen.
D'Missioun war en Erfolleg.
Apollo 12
Ongeféier 2 Joer méi spéit, de 19. November 1969, war Apollo 12 nëmmen 180 Meter vum Surveyor 3 ewech gelant. D'Astronaute Pete Conrad an Alan Bean ware bei hirem zweeten Asaz den 20. November bis bei Moundsond gaangen. Si hate Biller vun der Sond a vun der Ëmgéigend gemaach an hate ronn 10 Kilogramm Stécker vun der Sond, dorënner och d'TV-Kamera demontéiert.
Trivia
D'Surveyor-3-Kamera ass am Smithsonian National Air and Space Museum ze gesinn. D'Landeplazen vu Surveyor 3 an Apollo 12 sinn op den Biller vum Lunar Reconnaissance Orbiter ze kucken.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA: Surveyor 3
- Beschreiwung vum Surveyor-Programm