Op den Inhalt sprangen

Windsor Schlass

Vu Wikipedia
Versioun vum 22:58, 18. Abr. 2013 vum Melouresbot (Diskussioun | Kontributiounen) (ortho, replaced: op dem → um , an K → a K, len v → le v).
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Loftbild vum Schlass zu Windsor
De Ronnen Tuerm vum Schlass
D'Windsor Schlass vu vir
Um Wee zum Haaptagank

D'Windsor Schlass (engl. Windsor Castle) ass zesumme mam Buckingham Palace zu London an dem Holyrood Palace zu Edinburgh eng vun den offizielle Residenze vum Britesche Kinnekshaus. D'Schlass läit zu Windsor, am Dall vun der Themse am Weste vu London.

D'Queen Elizabeth II verbréngt vill vun hire Weekenden an dësem Schlass a benotzt et gläichzäiteg fir privat an offiziell Zwecker.
Seng Geschicht geet zréck op de William den Eruewerer (William the Conqueror). Windsor Castle ass dat eelst a gréisst bewunnte Schlass op der Welt.

Déi meescht englesch Kinneken a Kinniginnen hunn zur Konstruktioun an dem Ausbau vum Schlass bäigedroen. Et hat am Laf vu der Zäit all Funktiounen, déi vun enger Garnisoun, enger Festung, enger Wunneng, engem offizielle Palais, an zäitweis och déi vun engem Prisong.

Plang vum Schlass

Am Laf vu senger dausendjäreger Geschicht huet sech am Schlass villes verännert, wéinst de verschiddene Besoinen, Wënsch a finanzielle Mëttele vun de successive Schlasshären. D'Schlass huet haut z. B. säi Schwéierpunkt um opgeworfenen Hiwwel ("A" um Plang), do wou de William den Eruewerer säin éischt Schlass aus Holz gebaut hat.

Plang vum Windsor Schlass. Déi rout Buschtawe vun dësem Plang verweisen op d'Lag vun de verschiddene Gebaideeler.

Bedeitung vun den Zeechen am Plang niewendrunn

  • A: De ronnen Tuerm
  • B: Den ieweschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • C: D'Staatsappartementer
  • D: D'privat Appartementer
  • E: Südleche Fligel
  • F: Ënneschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • G: St. George's Kapell
  • H: Horseshoe Cloister
  • L: The Long Walk
  • K: King Henry VIII Gate (Haaptentrée)
  • M: Norman Gate (Paart)
  • N: North Terrace
  • O: Edward III Tuerm
  • T: Den Zapestreechtuerm

Neizäit

Den 20. November 1992 ass am Windsor Schlass e Feier ausgebrach, dat 15 Stonne gedauert, a vill Schued gemaach huet. Fënnef Joer laang ass do geschafft a restauréiert ginn, fir den Haaptschued ze behiewen. An de Joren dono huet d'Kinnigin d'Schlass ëmmer méi fir offiziell a privat Zwecker benotzt.

D'Schlass ass fir Visitten op an zitt als grouss Attraktioun Joer fir Joer vill Touristen un.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Windsor Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA