Crafoord-Präis
Ausgesinn
De Crafoord-Präis gëtt vun der Kiniklech Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften iwwerreecht. Säin Zweck ass d'Éierung an d'Hëllef vu Grondlagefuerschung an Disziplinen, déi de Nobelpräis net ofdeckt. Dorënner falen Mathematik, Geowëssenschaften, Biologie (besonnesch a Richtung Ecologie an Evolutioun) an Astronomie. Benannt ass de Präis no sengem Stëfter, dem Industriellen Holger Crafoord.
De Crafoord-Präis gëtt nëmmen eemol am Joer verginn, kann awer op bis zu dräi Präisdréier opgedeelt ginn. Bei der éischtmoleger Verleeung am Joer 1982 luuch d'Präisgeld bei 400.000 Schwedesche Krounen, wat ongeféier 60.000 US-Dollar entsprach huet. Momentan läit d'Präisgeld bei 500.000 US-Dollar.
Joer | Kategorie | Laureates | Begrënnung fir de Präis |
---|---|---|---|
1982 | Mathematik | Wladimir Igorewitsch Arnold (SU) an den Louis Nirenberg (CA/US) |
„fir aussergewéinlech Leeschtungen an der Theorie netlinearer partieller Differentialgläichungen“ |
1983 | Geowëssenschaften | Edward N. Lorenz (US) an den Henry Stommel (US) |
„fir grondleeënd Beiträg um Feld vun der geophysikalescher Hydrodynamik, déi op eenzegarteg Aart a Weis zu engem déiwen Verstoen vun de grousse Bewegunge vun der Atmosphär an dem Mier gefouert hunn“ |
1984 | Biowëssenschaften | Daniel Hunt Janzen (US) | „fir seng afallsräich an interessant Studien zu der Koevolutioun, déi vill Fuerscher zu weideren Aarbechten op dësem Gebitt inspiréiert hunn“ |
1985 | Astronomie | Lyman Spitzer (US) | „fir fundamental, bunnbriechend Studien iwwer bal jiddwer Aspekt vum interstellare Medium, déi hiren Héichpunkt mat de Resultater, déi ënnert der Benotzung vum Weltraumteleskop Copernicus ereescht goufen“ |
1986 | Geowëssenschaften | Claude Allègre (FR) an den Gerald Joseph Wasserburg (US) |
„fir hir Pionéierstudien zu geochemesche Bezéiunge vun Isotopen a geologesch Interpretatiounen, déi dës Resultater erméiglecht hunn“ |
1987 | Biowëssenschaften | Eugene P. Odum (US) an den Howard T. Odum (US) |
„fir aussergewéinlech Beiträg um Feld vun der Ecologie vun den Ecosystemer“ |
1988 | Mathematik | Pierre Deligne (BE) an den Alexander Grothendieck (FR) 1 |
„fir grondleeënd Fuerschungen an der algebraiescher Geometrie“ |
1989 | Geowëssenschaften | James van Allen (US) | „fir seng bunnbriechend Fuerschung vum Weltraum, besonnesch der Entdeckung vun den energeteschen Deelchen, déi am geomagnéitesche Feld gefaange sinn, dat d'Stralerimmer – die Van-Allen-Rimm – ëm eis Äerd formt“ |
1990 | Biowëssenschaften | Paul Ralph Ehrlich (US) | „fir seng Fuerschung an der Dynamik a Genetik fragmentarescher Populatiounen an der Bedeitung vun den Verdeelungsmuster fir hir Iwwerliewenswahrscheinlechkeet“ |
Edward Osborne Wilson (US) | „fir d'Theorie vun der Inselbiographie an aner Fuerschungen zu der Aartenauswiel an Eenegkeetsdynamik op Inselen an a weideren Habitate mat ënnerschidleche Grade vun Isolatioun“ | ||
1991 | Astronomie | Allan Rex Sandage (US) | „fir seng wichteg Beiträg zu der Studie vun de Galaxien, hire Stäre-, Stärekéip- an Niwwelpopulatioun, hirer Evolutioun, der Vitesse-Ofstand-Relatioun (oder Hubble-Relatioun) an hir Entwécklung iwwer d'Zäit“ |
1992 | Geowëssenschaften | Adolf Seilacher (DE) | „fir seng innovativ Fuerschung, déi d'Evolutioun vum Liewen an d'Wiesselwiirkung mat der Ëmwelt, wéi si a geologeschen Opzeechnungen dokumentéiert gëtt, betrëfft“ |
1993 | Biowëssenschaften | William D. Hamilton (GB) | „fir seng Theorien Verwandtschaften an Evolutioun“ |
Seymour Benzer (US) | „fir seng bunnbriechend genetesch an neurophysiologesch Studien iwwer Mutante vun der Fruuchtméck Drosophila melanogaster“ | ||
1994 | Mathematik | Simon Donaldson (GB) | „fir seng fundamental Ënnersich an der véierdimensionaler Geometrie duerch de Gebrauch vun Instantons, besonnesch seng Neientdeckung vun neien Differentialinvarianten“ |
Shing-Tung Yau (US) | „fir seng Entwécklung vun netlinearen Techniken an der differentialer Geometrie, déi zu der Léisung vu verschiddenen oppene Problemer gefouert hunn“ | ||
1995 | Geowëssenschaften | Willi Dansgaard (DK) an den Nicholas Shackleton (GB) |
„fir fundamental Aarbecht an der Entwécklung an Uwendung vun isotope geologeschen Analysemethode fir d'Studium vu klimatesche Variatioune während dem Quartär“ |
1996 | Biowëssenschaften | Robert May (GB) | „fir seng bunnbriechend ecologesch Fuerschung iwwer déi theoretesch Analys vun der Dynamik vu Populatiounen, Zesummenaarbechten an Ecosystemer“ |
1997 | Astronomie | Fred Hoyle (GB) an den Edwin Salpeter (US) |
„fir hir Beiträg zum Studium vun nukleare Prozesser an de Stären a stellarer Evolutioun“ |
1998 | Geowëssenschaften | Don L. Anderson (US) an den Adam M. Dziewonski (PL/US) |
„fir hir Aarbechten zu eisem Wëssen iwwer d'Strukturen an Prozesser am Kär vun eiser Äerd“ |
1999 | Biowëssenschaften | Ernst Mayr (US), John Maynard Smith (GB) an den George C. Williams (US) |
„fir hir Aarbechten zu der begrëfflecher Entwécklung vun der Evolutiounsbiologie“ |
2000 | Polyarthritis | Marc Feldmann (GB) an den Ravinder N. Maini (GB) |
„fir d'Identifizéierung vun der TNF-Blockad als een effektiivt therapeutescht Prinzip bei rheumatescher Arthritis“ |
2001 | Mathematik | Alain Connes (FR) | „fir Aarbechten un der Theorie vun der Operatoralgebren an dofir, datt hien e Grënner vun der netkommutativer Geometrie war“ |
2002 | Geowëssenschaften | Dan P. McKenzie (GB) | „fir seng Aarbechten zum Verständnes vun der Lithosphärdynamik, speziell vun der Plackentektonik, de Formatioune vun de Sedimentbecken a vum Mantelschmëlzen“ |
2003 | Biowëssenschaften | Carl Woese (US) | „fir d'Entdeckung vun enger drëtter Domän vum Liewen“ |
2004 | Polyarthritis | Eugene Butcher (US) an den Timothy A. Springer (US) |
„fir hir Studie vun de molekulare Mechanismen, déi an d'Migratioun vu wäisse Bluttzellen bei Gesondheet a Krankheet abezu sinn“ |
2005 | Astronomie | James E. Gunn (US), James Peebles (US) an den Martin John Rees (GB) |
„fir hir Aarbechten zum Verständnes vun der grouss ugeluechter Struktur vum Universum“ |
2006 | Geowëssenschaften | Wallace S. Broecker (US) | „fir seng innovativ a bunnbriechend Fuerschung iwwer d'Wierkung vum globale Kuelestoff-Zyklus bannen dem Ozean-Atmosphär-Biosphär-System a senger Wiesselwierkung mat dem Klima“ |
2007 | Biowëssenschaften | Robert Trivers (US) | „fir seng fundamental Analys vu sozialer Evolutioun, Konflikt a Kooperatioun“ |
2008 | Astronomie | Rashid Alievich Sunyaev (RU) | „fir seng Aarbechten zu der Héichenergie-Astrophysik a Kosmologie, besonnesch zu de Prozesser a Kräften ëm Schwaarz Lächer an Neutronestären an zu der Demonstratioun vun der diagnostescher Muecht vun de Strukturen an der Hannergrondstralung“ |
Mathematik | Maxim Lwowitsch Konzewitsch (RU/FR) an den Edward Witten (US) |
„fir hir wichteg Aarbecht zu der Mathematik, inspiréiert duerch déi modern theoretesch Physik“ | |
2009 | Polyarthritis | Charles A. Dinarello (US), Tadamitsu Kishimoto (J) an den Toshio Hirano (J) |
„fir hir Pionéieraarbecht zu der Isolatioun vun Interleukinen, der Bestëmmung vun hiren Eegeschaften an der Erfuerschung vun hirer Roll beim Ufank vun Entzündungen“ |
2010 | Geowëssenschaften | Walter Munk (US) | „fir seng Pionéieraarbecht a fundamental Beiträg zum Verstoen vun de Mieresstréimungen, Gezäiten a Wellen an hirer Roll an der Äerddynamik“ |
2011 | Biowëssenschaften | Ilkka Hanski (FIN) | „fir seng grondleeënd Studien iwwer den Afloss vu räimleche Variatiounen op d'Dynamik vun Déieren- a Planzepopulatiounen“ |
2012 | Astronomie | Reinhard Genzel (DE) an Andrea Ghez (USA) |
„fir hir Stärenobservatioun, wéi si dat galaktescht Zentrum ëmkreesen an doduerch d'Existenz vun engem supermassiven Schwaarze Lach uweisen“ |
Mathematik | Jean Bourgain (BEL) an Terence Tao (AUS/USA) |
„fir hir brillant a grondleeënd Aarbechten an harmonescher Analys, iwwer partiell Differentialgläichunge, an der Ergodentheorie, Zuelentheorie, Kombinatorik, Funktiounalanalys an an der theoretescher Computerwëssenschaft“ |
1 ofgelehnt
Um Spaweck
- (en) Déi offiziell Säit vum Crafoord-Präis
- (en) Crafoord-Präis bei der Kiniklech Schwedescher Akademie vun de Wëssenschaften
- (en) The Crafoord Prize 1982-2008
Commons: Crafoord Prize – Biller, Videoen oder Audiodateien |