Entwécklungsbiologie
D'Entwécklungsbiologie versicht d'Entwécklung vun de Liewewiese virun der Gebuert ze verstoen. Eigentlech fänkt jo alles mat enger eenzeger Zell un: eng Eezell déi mat enger Spermazell verschmolt ass. Si dréit all d'Informatioun a sech déi néideg ass, fir de ganze Kierper opzebauen. Mee wéi dat genee funktionnéiert ass am Moment nach net honnertprozenteg bekannt, also firwat e bestëmmten Deel vum Embryo zu engem bestëmmten Zäitpunkt sech zum Gehir, zu engem Muskel, oder engem aneren Organ entwéckelt.
Wéinst ethesche Grënn gëtt dës Fuerschung natierlech net u mënschlechen Embryoen gemaach. Déi Embryoen déi am meeschte gebraucht ginn, aus etheschen, techneschen a finanzielle Grënn, sinn haaptsächlech déi vum Xenop (eng Aart Fräsch), vum Hong an der Maus.
Commons: Developmental biology – Biller, Videoen oder Audiodateien |