Op den Inhalt sprangen

SOGECO

Vu Wikipedia

D'Société générale pour le commerce de produits industriels S.A., ofgekierzt SOGECO, war eng lëtzebuergesch Grousshandelsgesellschaft. D'Gesellschaft dréit zënter 2008 den Numm SOGEVA, d'Ofkierzung vu Société de Gestion de Valeurs mobilières et immobilières S.A.

D'SOGECO gouf 1919 vun de Bridder Léon an André Laval gegrënnt. Den André Laval huet sech awer 1925 zréckgezunn fir d'Minusines S.A. ze grënnen.[1]

D'SOGECO war an enger éischter Phase eng Grousshandelsfirma déi d'Produktioun vun der Lëtzebuerger Stolindustrie commercialiséiert huet. Vun 1923 bis 1928 huet d'Sogeco souguer d'Exclusivitéit fir der HADIR hir Produktioun ze kommerzialiséieren.

D'SOGECO huet awer och Participatiounen an anere Firme gehalen. D'Gesellschaft gouf sou nom Doud vum Henri Tudor gréissten Aktionär an der Société anonyme des accumulateurs Tudor.

D'Firma huet mat der Zäit hir Aktivitéiten diversifiéiert a gouf als Generalimportateur vu Produkter a Maschinne fir d'Industrie aktiv. Industriel Akkumulateuren a méi allgemeng Batterien a soss Ersatzstécker fir Autoen a Maschinnen a Produkter déi a Garage gebraucht ginn, sinn e wichtegen Deel vun den Aktivitéite vun der Sogeco ginn.

1951 gouf den Emmanuel Tesch, dem Grënner säin Eedem, Administrateur-délégué a Gerant vun der SOGECO. Hie blouf bis 2004 am Verwaltungsrot vun der Gesellschaft.

Enn 1961 huet d'SOGECO als majoritairen Aktionär mat 6 Associeeën de Comptoir Technique et Industriel S.A. gegrënnt. Déi nei Gesellschaft huet ënner anerem d'exklusiv Représentatioun fir industriell Tudor-Batterië zu Lëtzebuerg vun der SOGECO iwwerholl. Spéider huet d'SOGECO sech awer aus der Firma zereck gezunn.[2]

Auto-Tecnic an Alltec

Am Joer 1967 sinn déi kommerziell Aktivitéite vun der SOGECO, no enger Rei vu Fusiounen an Acquisitiounen, an d'Gesellschaft Auto-Tecnic ausgelagert ginn. D'Auto-Tecnic gouf 1979 Importateur vun der däitscher Firma fir SSI-Schäfer, déi Bürosmiwwel an Equipementer fir Lagerhalen a soss Stockagesystemer produzéiert.

Nodeems déi Aktivitéite par rapport zum Handel mat Autosersatzstecker ëmmer méi wichteg ginn ass, huet d'Auto-Tecnic 2001 den Numm an Alltec Solution Provider S.A. geännert.[3]

Am Joer 2008 huet d'Alltec d'A.C.I.E.R. s.à r.l. vu Bartreng, déi mat Produkter fir d'Landwirtschaft, de Gaarden- a Wäibau, Salz an Déierefudder handelt, opkaf.

SOGEVA S.A.

Am Joer 1998 huet d'SOGECO hiren Numm a SOGEVA, d'Ofkierzung vu Société de Gestion de Valeurs mobilières et immobilières S.A., geännert. Eng Firma mam selwechten Numm gouf et schonns vun 1933 bis 1991.[4]

Parallel huet d'SOGEVA awer och eng nei Gesellschaft mam Numm SOGECO, déi Kéier als Ofkierzung vu Société générale pour le Commerce S.A., gegrënnt. 2007 huet déi Gesellschaft hiren Numm a Sogeva Participations S.A. geännert. [5]

Déi al SOGECO, elo SOGEVA, gouf parallel 2008 an Square Churchill 5 ëmgedeeft. Déi gouf am Kader vum Verkaf vun engem grousse Gebai um Square Churchill un d'Affekotenetude Elvinger, Hoss & Prüssen sou organiséiert. Well d'Gesellschaft an net d'Gebai un d'Etude verkaf gouf, ass keng Enregistrementstax ugefall.

Duerno gouf dunn déi SOGECO déi 1998 gegrënnt gi war a SOGEVA S.A. ëmbenannt.

D'SOGEVA ass eng Investissiounsgesellschaft. An hirem Verwaltungsrot sëtzen 2011 de Philippe Worré, den Dominique Laval, de François Tesch, de Serge Libens, de Charles-Louis Ackermann an de John Penning.[6]

Referenzen

  1. Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule XII, 1963, S. 582
  2. Luxemburger Wort: "Le CTI fête son 50e anniversaire", 21. Dezember 2011, S. 42
  3. Publicitéit vun Alltec an der Brochure “Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois 2006”, ACEL, Lëtzebuerg, 2006, S. 60 (http://www.acel.lu/files/pdf/reel/reel06-stroossbuerg.pdf)
  4. http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=Sogeco&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2011&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2011&sl_d2=11&sl_m2=11&sl_y2=2011&page_len=100&page_no=1&idm=19192200043&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
  5. http://www.legilux.public.lu/entr/search/index.php?ss_soc=Sogeco&sc_soc=&sr_soc=name&sr_fj=all&sr_tp=all&sr_date=all&sl_d=1&sl_m=1&sl_y=2011&sl_d1=1&sl_m1=1&sl_y1=2011&sl_d2=11&sl_m2=11&sl_y2=2011&page_len=100&page_no=1&idm=19982225119&page=result&select_soc=true&submit=Choisir
  6. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2011/C/Html/2519/2011125472.html