Op den Inhalt sprangen

Emmanuel Tesch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Emmanuel Tesch, gebuer den 9. Dezember 1920 zu Hesper a gestuerwen den 10. Oktober 2011 ob der Kockelscheier,[1] war e lëtzebuergesche Chimieingénieur a Manager.

Hien huet 1940 seng Studien op der RWTH Aachen ugefaangen. Joergang 1920, gouf hien zwangsrekrutéiert, wourops hien désertéiert ass an an de Maquis a Frankräich gaangen ass. Nom Krich huet hien seng Studien ob ETH Zürich als Chimieingénieur ofgeschloss.[2]

Dem "Manu" Tesch seng berufflech Carrière huet 1948 bei der Manufacture de tabacs Heintz Van Landewyck ugefaangen, wou hien als Ingénieur beschäftegt war. 1951 koum hien als Administrateur-délégué a Gérant bei d'Société générale pour le commerce de produits industriels (SOGECO), enger Grousshandelsfirma déi vu sengem Schwéierpapp Léon Laval gegrënnt gi war. Hien ass bis 2004 Member vum Verwaltungsrot vun der SOGECO an hierem Successeur SOGEVA bliwwen.[3]

Den Emmanuel Tesch gouf 1958, dem Joer wou säi Papp sech aus dem Verwaltungsrot vun der ARBED zereckgezunn huet, Member vum Collège des Commissaires vum Stolgrupp.[4] Hien huet als Protégé vum Tony Neuman gegolt, deen hien 1968 an de Verwaltungsrot geruff huet.[5] 1972, zwee Joer virum Ausbroch vun der Kris, ass den Emmanuel Tesch als Successeur vum Tony Neuman President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, der wichtegster Entreprise am wichtegste Wirtschaftssekteur, ginn. An dëser Funktioun huet hien eng bedeitend Roll dobäi gehat d'ARBED duerch d'Stolkris ze féieren. Hie gëllt an deem Kontext och als ee vun de Päpp vun der Tripartite. Den Emmanuel Tesch ass bis 1991 President vun der ARBED bliwwen ier de Georges Faber déi Funktioun iwwerhol huet.

Vun 1974 bis 1992 war den Emmanuel Tesch och President vun der Chambre de commerce, eng Funktioun déi traditionnel der ARBED zougestanen huet.

Hie war vun 1967 bis 1969 President vum Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg (ACL). Hie war och bis 2004 Member vum Verwaltungsrot vu Le Foyer Finance S.A..[6]

Den Emmanuel Tesch huet 1949 d'Thérèse Laval bestuet. Hire Fils François ass 1951 gebuer. Dem Emmanuel Tesch seng Eltere waren de Georges Tesch an d'Andrée Weckbecker. Säin Urgrousspapp Hubert Adolphe Tesch war e Brudder vum Victor Tesch, seng Urgroussmamm Annette Tesch-Berger eng Duechter vum Banquier Nicolas Berger.[7]

Quellen

  • Luxemburger Wort: "Emmanuel Tesch (1920-2011)", 12. Oktober 2011, Säit 71
  • Lëtzebuerger Journal: "Luxemburg verliert seinen letzten „Stahlbaron“", 12. Oktober 2011
  • Jules Mersch: Biographie nationale, Vol. XIX, p. 91.


Referenzen

  1. "Den Emmanuel Tesch, ehemolegen Arbed-President, ass dout." RTL.lu, 11.10.2011, 12:43; Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 12:49. - "Emmanuel Tesch tot." wort.lu, 11.10.2011 12:34, aktualiséiert 11.10.2011 13:06.
  2. Luxemburger Wort: "Emmanuel Tesch (1920-2011)", 12. Oktober 2011, Säit 71
  3. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2003/C/Html/0638/C027319.3.2003.html
  4. http://www.paperjam.lu/article/fr/deces-d-emmanuel-tesch
  5. http://www.munzinger.de/search/portrait/Emmanuel+Tesch/0/15277.html
  6. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2005/C/Html/0282/C003214.3.2005.html
  7. Jules Mersch: Biographie nationale, Vol. XIX, p. 91. [1]