Op den Inhalt sprangen

Marc Hansen (1971)

Vu Wikipedia

De Marc Hansen, gebuer den 10. Abrëll 1971 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergeschen DP-Politiker a Journalist.

Hien ass zu Steesel opgewuess an huet seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach.

Vun 1994 un huet hie bei RTL geschafft, wou hien ënner anerem de Sport presentéiert huet. Am Juni 2009 gouf bekannt, datt hien RTL geif verloosen, a Pressespriecher bei der DP gëtt.[2]

De Marc Hansen ass de President vun der DP-Sektioun Réiden an zënter 2005 ass hie Schäffen an der Gemeng Useldeng.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war hie Kandidat op der Nordlëscht vun der DP. Hien ass net geweielt ginn; hie krut ëm di 6.000 Stëmmen an huet domat déi véiert Plaz op senger Lescht erreecht.[3] Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien Zweetgewielten an der Majorzgemeng Useldeng, zwou Plaze besser wéi 2005.[4]

De 25. Oktober 2011 ass de Marc Hansen Administrateur-délégué vun den Editions Lëtzebuerger Journal ginn.[5]

De Marc Hansen ass mat enger Spillschoulsjoffer bestuet an huet zwee Kanner.

Linken a Quellen

Referenzen

  1. Mémorial C Nr 1056 vum 21. Oktober 2004, S. 50670
  2. http://www.paperjam.lu/presse/2009/06/1106_RTL/index.html
  3. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/26981/marc-hansen-verlaesst-rtl.php
  4. http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2011/resultats/communes/useldange/index.html
  5. http://www.journal.lu/2011/10/25/zukunft-zusammen-mit-starkem-partner-gestalten/