51 Pegasi
51 Pegasi | |
Stärebild: | Pegasus (Peg) |
Koordinaten (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 22h 57m 27.981s |
Deklinatioun | + 20° 46' 07.80"[1] |
Daten | |
Visuell Magnitude | + 5,49 mag |
Spektralklass: | G2,5IVa (G4-5Va)[1] |
Astrometrie | |
Radialvitess: | (-31,2 ± 2) km/s |
Parallax | (65,10 ± 0,76) mas[2] |
Distanz | (50,1 ± 0,6) Lj[2] |
Absolut Hellegkeet | +4,51 mag |
Alter | 8 Mrd. Joer |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,06 M☉ |
Radius: | 1,15 bis 1,4 R☉ |
Liichtkraaft: | 1,30 L☉ |
Rotatioun: | 37 Deeg |
Uewerflächentemperatur | 5665 K |
Aner Bezeechnungen | |
Bonner Duerchmusterung | BD +19° 5036 |
Bright Star Catalogue | HR 8729 |
Flamsteed | 51 Pegasi |
Henry-Draper-Katalog | HD 217014 |
Hipparcos-Katalog | HIP 113357 |
SAO-Katalog | SAO 90896 |
Tycho-Katalog | TYC 1717/2193/1 |
Aner Bezeechnungen | NLTT 55385 USNO-B1.0 1107-00589893 |
Den 51 Pegasi ass e sonnenänleche Stär am Stärebild Pegasus a läit ronn 50 Liichtjoer vun eis ewech. Seng visuell Hellegkeet ass 5,49 mag, also just un der Grenz, wat eist fräit A ka gesinn. Den 51 Pegasi ass e gielen Zwerg, säin Alter gëtt op 8 Mrd. Joer geschat. Domat ass hien 3 Mrd. Joer méi al wéi eis Sonn. Seng Mass ass 4 bis 6 % méi héich wéi déi vun der Sonn a e besteet aus méi Metaller wéi d'Sonn, well seng Waasserstoffreserve lues a lues ausginn. Säi Spektraltyp ass G2.5V oder G4-5Va.
1995 hunn de Michel Mayor an den Didier Queloz vum Departement fir Astronomie vun der Universitéit Genf ëm den 51 Pegasi deen éischten Exoplanéit entdeckt. De Planéit mat der Bezeechnung 51 Pegasi b huet 0,46 Jupitermassen a kreest ëm säi Stär a 4,2 Deeg op enger Distanz vun nëmmen 0,05 astronomeschen Eenheeten (AE).