GLOCK: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k k |
File:Glock logo.jpg is on Commons |
||
Linn 1: | Linn 1: | ||
[[Fichier: |
[[Fichier:Glock logo.jpg|thumb|280px|GLOCK-Logo]] |
||
[[Fichier:Glock 17 - vun der Lëtzebuerger Douane.jpg|thumb|Glock vun der Lëtzebuerger Douane]] |
[[Fichier:Glock 17 - vun der Lëtzebuerger Douane.jpg|thumb|Glock vun der Lëtzebuerger Douane]] |
||
'''GLOCK''', offiziell '''GLOCK Gesellschaft m.b.H.''', ass eng [[Waffefabréck]] zu [[Ferlach]] an [[Éisträich]], déi [[1963]] vum [[Gaston Glock]] zu [[Deutsch-Wagram]] gegrënnt gouf. |
'''GLOCK''', offiziell '''GLOCK Gesellschaft m.b.H.''', ass eng [[Waffefabréck]] zu [[Ferlach]] an [[Éisträich]], déi [[1963]] vum [[Gaston Glock]] zu [[Deutsch-Wagram]] gegrënnt gouf. |
Aktuell Versioun vum 17:43, 5. Jan. 2020
GLOCK, offiziell GLOCK Gesellschaft m.b.H., ass eng Waffefabréck zu Ferlach an Éisträich, déi 1963 vum Gaston Glock zu Deutsch-Wagram gegrënnt gouf.
Glock ass haaptsächlech bekannt fir d'Hierstellung vu Feldmesseren a Pistoulen.
Déi éischt Schosswaff vu GLOCK war d'Glock 17 a gouf Ufank den 1980er Joren ënner der Bezeechnung P80 fir d'éisträichesch Arméi entwéckelt. Haut gëtt et 21 verschidde Glock-Pistoulen, déi vun der Bauaart zwar ëmmer d'selwecht sinn, sech awer am Kaliber (9 mm bis .45 ACP) souwéi aneren Detailer (Längt 160 bis 225 mm, Chargeur vu 6 bis 17 Schoss) ënnerscheeden.
D'Waffe sinn als eng vun deenen éischte mat Plastiks-Grëffstéck, dat nëmmen e puer Stol-Placken a sech huet, entwéckelt ginn. Et handelt sech ëm "Selbstladepistolen" mat engem Safe Action Ofzuchs-system, deen de Sécherheetshiewel baussen op der Waff duerch dräi integréiert Sécherungen ersetzt. GLOCK-Pistoule sinn d'Standard-Handfeierwaffe bei der norwegescher an éisträichescher Arméi, der Londoner Police, der éisträichescher Police, verschiddene Spezialunitéite vun der Police, wéi déi däitsch Grenzschutzgrupp 9 (GSG 9) an ongeféier 2/3 vun den U.S. Policekräften.
GLOCK-Waffe gëllen als besonnesch zouverlässeg an einfach ze bedéngen.
D'Lëtzebuerger Douane ass zanter 2005 mat zwéi verschiddene Modeller vu GLOCK-Pistoulen équipéiert, der Glock 19 an der Glock 26. Och d'Lëtzebuerger Arméi benotzt zanter 2009 d'Glock 17.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: GLOCK – Biller, Videoen oder Audiodateien |