Op den Inhalt sprangen

Antoine Wehenkel: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Jwh (Diskussioun | Kontributiounen)
kKee Resumé vun der Ännerung
D'Chronique de la famille Pescatore gouf net vun him, mä vu sengem Fils publiéiert.
Linn 17: Linn 17:


Den Antoine Wehenkel war 15 Joer laang Groussmeeschter vun der ''[[Grande Loge de Luxembourg]]''. Hie war bestuet a Papp vu 5 Kanner.
Den Antoine Wehenkel war 15 Joer laang Groussmeeschter vun der ''[[Grande Loge de Luxembourg]]''. Hie war bestuet a Papp vu 5 Kanner.
== Publikatiounen ==
* ''Chronique de la famille Pescatore - Une histoire généalogique et culturelle, Ses liens avec les familles Beving, Boch, Dutreux, de Gargan, de Scherff''; Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique asbl, Luxembourg, 2003, 336 S. ISBN 2-919919-15-9.


== Literatur ==
== Literatur ==

Versioun vum 14:01, 29. Okt. 2011

Den Antoine Wehenkel

Den Antoine Wehenkel, gebuer den 10. Februar 1907 an der Stad Lëtzebuerg, do gestuerwen de 27. Februar 1992, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

Biografie

No senger Première am Kolléisch huet den Antoine Wehenkel 1930 zu Paräis op der Ecole centrale des arts et manufacture en Ingenieurs-Titel kritt an dono op der Sorbonne Physik a Mathematik studéiert. No engem Stage op der Arbed an e puer Joer als Enseignant an der Escher Beruffsschoul ass e bei d'Lëtzebuerger Eisebunn schaffe gaangen, wou e säi Beruffsliewe laang sollt bleiwen.

Hie war Member vun der ASSOSS an huet sech 1937 an der Kampagne géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz engagéiert. Als bekannten Antifaschist gouf hien den 11. Mee 1940, gläich nom Afall vun den däitschen Truppen, verhaft an e Mount an de Prisong gespaart. Duerno gouf hien op eng ënnergeuerdent Plaz an der Reichsbahn versat bis en 1943 entlooss gouf.

Nom Krich gouf den Antoine Wehenkel Generalsekretär vun der Verwaltung bei der CFL, an 1962 Direkter vun der CFL. Wéi hien 1964 Minister gouf ass e vun där Fonctioun zeréckgetrueden.

Hien ass 1945 der Lëtzebuerger Aarbechterpartei bäigetratt a gouf 1951 am Zentrum an d'Chamber gewielt. Bis 1974 sollt en all Kéiers erëmgewielt ginn. Vun 1951 bis 1964 war en och Gemenge-Conseiller an der Stad Lëtzebuerg.

1964 gouf den Antoine Wehenkel Minister an der Regierung Werner-Cravatte wou en d'Portefeuillë vum Budget, der Wirtschaft an der Energie hat.

1970, no der Ofspléckung vun der SdP, gouf hien, als Nofolger vum dissidenten Henry Cravatte, zum Parteipresident vun der LSAP gewielt an huet dës Charge bis 1974 besat. Hien huet deen neien, méi lénk orientéierten, Cours vun der Partei consolidéiert an aktiv op eng zukënfteg Koalitioun mat der liberaler DP higeschafft. No de Chamberwalen 1974 war hien annerhalleft Joer laang Chamberpresident. 1976 huet hie sech aus dem aktive politesche Liewen zeréckgezunn.

An de Joeren drop huet hie sech virun allem der Restauratioun vun senger Familljeproprietéit Am Dierfgen vouéiert an huet d'Geschicht vun deem Komplex dokumentéiert.

Den Antoine Wehenkel war 15 Joer laang Groussmeeschter vun der Grande Loge de Luxembourg. Hie war bestuet a Papp vu 5 Kanner.

Literatur

  • Ed Kayser 2003: Antoine WEHENKEL 1907-1992. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 409-410. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Chamberpresidenten