Op den Inhalt sprangen

Brunhild: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Linn 28: Linn 28:
[[hr:Brunhilda]]
[[hr:Brunhilda]]
[[it:Brunechilde]]
[[it:Brunechilde]]
[[he:ברונהילדה, מלכת אוסטרזיה]]
[[he:ברונהילדה מאוסטרזיה]]
[[hu:Brünhilde frank királynő]]
[[hu:Brünhilde frank királynő]]
[[nl:Brunhilde van Austrasië]]
[[nl:Brunhilde van Austrasië]]

Versioun vum 17:55, 19. Jan. 2011

D'Brunhild(e) (och Brunichild(e)oder Brunehaut), gebuer géint 545/550 a gestuerwen 613, war eng merowéngesch-fränkesch Kinnigin.

Si war d'Duechter vum Westgote-Kinnek Athanagild an der Goiswintha, an huet am Fréijoer 566 de Sigibert I. bestuet, dee Kinnek vum fränkeschen Osträich ("Austrien") war, an dee 575 ermuert gouf. En zweet Bestietnes ass se mam Merowech († 577), dem zweete Jong vum Kinnek Chilperich I., agaangen.

Nom Doud vun hirem Jong Childebert II., 596, gouf se Regentin fir hir Enkelen Theudebert II. an Theuderich II.. Déi Zwéin hu sech awer bekricht, den Theudebert ass 612 am Krich géint säi Brudder gestuerwen, an dee kuerz dono och. Doropshin huet d'Brunichild hiren Urenkel Sigibert II. zum Kinnek declaréiere gelooss, mee déiAdeleg aus der Bourgogne waren do dergéint. Si hunn de Chlothar II. vun Neustrien, de Jong vum Chilperich I. an der Fredegunde an deemno den Neveu vun der Brunichild, komme gelooss, an hien zum Kinnek ausgeruff.

Jorelaang gouf et Krich tëscht deenen eenzelne Familljememberen, de Chlotar II. huet um Enn d'Iwwerhand kritt an d'Brunichild 613 a Véier deele gelooss.

Si gouf zu Autun an der Kierch St-Martin begruewen.

Kuckt och

Commons: Brunehilde – Biller, Videoen oder Audiodateien