Ritchie Boys: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k k, replaced: ten s → te s, hunn s → hu s, ten b → te b using AWB |
|||
(2 Tëscheversioune vun 2 Benotzer ginn net gewisen) | |||
Linn 1: | Linn 1: | ||
'''Ritchie Boys''' waren am [[Zweete Weltkrich]] d'Absolvente vum ''Military Intelligence Training Center'' am [[Camp Ritchie]] am US-Bundesstaat [[Maryland]]. |
'''Ritchie Boys''' waren am [[Zweete Weltkrich]] d'Absolvente vum ''Military Intelligence Training Center'' am [[Camp Ritchie]] am US-Bundesstaat [[Maryland]]. |
||
Dee gréissten Deel vun de Ritchie Boys ware jonk Däitscher, déi meescht [[Judd]]en. Ënner hinne ware bekannt Leit wéi den [[Hans Habe]], de [[Klaus Mann]], de [[Stefan Heym]], den [[Hanus Burger]] an [[David Robert Seymour]]. Si wollten op der Säit vun den Alliéierte géint |
Dee gréissten Deel vun de Ritchie Boys ware jonk Däitscher, déi meescht [[Judd]]en. Ënner hinne ware bekannt Leit wéi den [[Hans Habe]], de [[Klaus Mann]], de [[Stefan Heym]], den [[Hanus Burger]] an [[David Robert Seymour]]. Si wollten op der Säit vun den Alliéierte géint [[Nazidäitschland]] kämpfen. |
||
Am Camp Ritchie gouf hinne modern [[psychologesch Krichsféierung]] bäibruecht. Hir Aufgab war et, |
Am Camp Ritchie gouf hinne modern [[psychologesch Krichsféierung]] bäibruecht. Hir Aufgab war et, méiglechst vill iwwer de Géigner gewuer ze ginn, en ze demoraliséieren a sou zur Kapitulatioun ze beweegen. |
||
D'Ritchie Boys sinn den [[D-Day]], de [[6. Juni]] [[1944]] mat den alliéierten Truppen an der Normandie gelant. Si hunn ënner anerem däitsch Zaldoten, déi gefaange geholl goufen oder sech erginn hunn, verhéiert a konnte sou e Bild iwwer d'Stäerkt, mä och d'Moral vun den Truppe weiderginn. |
D'Ritchie Boys sinn den [[D-Day]], de [[6. Juni]] [[1944]] mat den alliéierten Truppen an der Normandie gelant. Si hunn ënner anerem däitsch Zaldoten, déi gefaange geholl goufen oder sech erginn hunn, verhéiert a konnte sou e Bild iwwer d'Stäerkt, mä och d'Moral vun den Truppe weiderginn. |
||
Och d'Auschaffen an d'Verbreede vu geziilt agesater [[Desinformation]], z. B. op Fluchblieder, an Zeitungsartikelen oder iwwer Camione mat Haut- |
Och d'Auschaffen an d'Verbreede vu geziilt agesater [[Desinformation]], z. B. op Fluchblieder, an Zeitungsartikelen oder iwwer Camione mat [[Haut-parleur]]en, war hir Spezialitéit. Sou hu s'och zu [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]] d'[[Radio]]sanlage vu [[RTL|Radio Lëtzebuerg]] benotzt, fir nuets de [[Sender 1212]] ze bedreiwen. Deen huet "sou gemaach" wéi wann et e geheime Resistenzsender an Däitschland wier. |
||
Verschiddener vun de Ritchie Boys ware bei den [[Nürnberger Prozesser]] als [[Dolmetscher]] dobäi. Nom Krich sinn hir Weeër |
Verschiddener vun de Ritchie Boys ware bei den [[Nürnberger Prozesser]] als [[Dolmetscher]] dobäi. Nom Krich sinn hir Weeër auserneegaangen, vill vun hinnen hu Carrière an der Politik, der Wirtschaft oder der Wëssenschaft gemaach. |
||
==Literatur== |
==Literatur== |
Aktuell Versioun vum 21:16, 14. Jun. 2023
Ritchie Boys waren am Zweete Weltkrich d'Absolvente vum Military Intelligence Training Center am Camp Ritchie am US-Bundesstaat Maryland.
Dee gréissten Deel vun de Ritchie Boys ware jonk Däitscher, déi meescht Judden. Ënner hinne ware bekannt Leit wéi den Hans Habe, de Klaus Mann, de Stefan Heym, den Hanus Burger an David Robert Seymour. Si wollten op der Säit vun den Alliéierte géint Nazidäitschland kämpfen.
Am Camp Ritchie gouf hinne modern psychologesch Krichsféierung bäibruecht. Hir Aufgab war et, méiglechst vill iwwer de Géigner gewuer ze ginn, en ze demoraliséieren a sou zur Kapitulatioun ze beweegen.
D'Ritchie Boys sinn den D-Day, de 6. Juni 1944 mat den alliéierten Truppen an der Normandie gelant. Si hunn ënner anerem däitsch Zaldoten, déi gefaange geholl goufen oder sech erginn hunn, verhéiert a konnte sou e Bild iwwer d'Stäerkt, mä och d'Moral vun den Truppe weiderginn.
Och d'Auschaffen an d'Verbreede vu geziilt agesater Desinformation, z. B. op Fluchblieder, an Zeitungsartikelen oder iwwer Camione mat Haut-parleuren, war hir Spezialitéit. Sou hu s'och zu Lëtzebuerg d'Radiosanlage vu Radio Lëtzebuerg benotzt, fir nuets de Sender 1212 ze bedreiwen. Deen huet "sou gemaach" wéi wann et e geheime Resistenzsender an Däitschland wier.
Verschiddener vun de Ritchie Boys ware bei den Nürnberger Prozesser als Dolmetscher dobäi. Nom Krich sinn hir Weeër auserneegaangen, vill vun hinnen hu Carrière an der Politik, der Wirtschaft oder der Wëssenschaft gemaach.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hans Habe: Ich stelle mich. 1954 (Autobiographie).
- Christian Bauer, Rebekka Göpfert: Die Ritchie Boys. Deutsche Emigranten beim US-Geheimdienst. Hoffmann & Campe Verlag, Hamburg 2005. 224 Seiten, 19,95 Euro.
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |