Ziffer
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Ziffer ass e Schrëftzeechen fir eng Zuel (z. B. 6 Äppel) oder eng Nummer (z. B. Hausnummer 8).
Am meeschten op der Welt ginn déi sougenannt arabesch Zifferen 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8 an 9 benotzt, z. B. am dezimalen Zuelesystem. Fir hexadezimalen Zuele si 16 Zifferen néideg an hei ginn d'Zeechen 0 bis 9 an A bis F benotzt. Déi Réimesch Zuelen gi mat den Zeechen I, V, X, L, C, D an M geschriwwen.
Ziffere kënne kombinéiert gi fir méi grouss Zuelen ze schreiwen, z. B. 104 (arabesch) oder CIV (Réimesch) fir honnertvéier, oder méi laang Nummere wéi eng Telefonsnummer. Dacks ginn zousätzlechen Zeeche benotzt fir méi Prezisioun ze kréien, wéi ee "," (100,7) oder ee "+" (+352 234 987).
De Wäert, deen eng Ziffer representéiert, hänkt vum Zuelesystem of, dee benotzt gëtt, a vun der Positioun vun der Ziffer. „10“ ass Zéng an arabeschen Zifferen awer Zwee am binären Zuelesystem. D'Ziffer „3“ bedeit Drësseg an der Zuel 31 awer Dräihonnert an 311.
Um Spaweck
ännerenCommons: Zifferen – Biller, Videoen oder Audiodateien |