The Pink Panther (Film 1963)
The Pink Panther ass en US-amerikanesche Film vum Blake Edwards aus dem Joer 1963.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1963 |
Première | 1963 |
Dauer | 113 min |
Faarf | Faarweg |
Technicolor | |
Format | 2,20:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Englesch Italieenesch |
Ekipp | |
Regie | Blake Edwards |
Dréibuch |
Maurice Richlin Blake Edwards |
Fotografie | Philip H. Lathrop |
Musek | Henry Mancini |
Schnëtt | Ralph E. Winters |
Dekoren | Fernando Carrere |
Produzent |
Martin Jurow Mirisch G-E Productions |
Produktiouns- gesellschaft | United Artists |
Schauspiller | |
David Niven als Sir Charles Lytton Peter Sellers als Insp. Jacques Clouseau Robert Wagner als George Lytton Capucine als Simone Clouseau Claudia Cardinale als Prinzessiin Brenda de Banzie als Angela Dunning Colin Gordon als Tucker John Le Mesurier | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenEng Prinzessin, déi zu Cortina d'Ampezzo an der Vakanz ass, huet e wäertvollen Diamant, dee wéinst sengem Ausgesinn Pink Panther genannt gëtt. Den Inspekter Clouseau soll den Diamant bewaachen...
Weider Filmer mam Peter Sellers als Inspekter Clouseau
änneren- A Shot in the Dark (1964)
- The Return of the Pink Panther (1975)
- The Pink Panther Strikes Again (1976)
- Revenge of the Pink Panther (1978)
- Trail of the Pink Panther (1982)
Soss
ännerenD'Titelsequenz a Form vun engem Dessin-animé, an där e rosae Panther säin Onwiesen dreift, gouf d'Virlag vun enger ganzer Trickfilmserie. Dës huet zousätzlech dem Henry Mancini säi Pink Panther Theme populär gemaach.
Och de Peter Sellers gouf mat senger Roll als dëlpessegen Inspekter international bekannt.