Rosa Parks

US-amerikanesch Biergerrechtlerin

D'Rosa Louise Parks, gebuer de 4. Februar 1913 als Rosa Louise McCauley zu Tuskegee am US-Bundesstaat Alabama, a gestuerwen de 24. Oktober 2005 zu Detroit a Michigan, war eng Symbolfigur vun der US-amerikanescher Biergerrechtsbeweegung. D'Rosa Parks gouf den 1. Dezember 1955 zu Montgomery an engem ëffentleche Bus verhaft, well s'als schwaarz US-Amerikanerin hire Bussëtz net fir e wäisse Mann wollt fräimaachen. Déi Zäit hu Schwaarzer missen hannen an de Stadbussen, op speziell markéierte Sëtzer, sëtzen. Dowéinst ass déi deemools 42 Joer al Parks an de Prisong gehäit ginn a krut eng Geldstrof vu 14 Dollar. Deen Akt vu passivem Widderstand huet e wesentleche Bäitrag zur Emanzipatioun vun de Schwaarzen an den USA geleescht.

Rosa Parks
Gebuertsnumm Rosa Louise McCauley
Gebuer 4. Februar 1913
Gestuerwen 24. Oktober 2005
Detroit
Nationalitéit USA
Aktivitéit Autobiograph, Mënscherechtler, Persoun vum ëffentleche Liewen, politeschen Aktivist
Member vun Alpha Kappa Alpha
De Bus am Henry Ford Museum

Deen zu där Zäit praktesch onbekannte baptistesche Geeschtleche Martin Luther King huet doropshin e Boykott vum ëffentlechen Transport organiséiert, deen 381 Deeg gedauert huet.

D'Rosa Parks gouf de 4. Februar 1913 als Rosa Louise McCauley zu Tuskegee, Alabama gebuer. De Papp, den James McCauley, huet d'Famill 1915 verlooss, soudatt d'Mamm, d'Leona Edwards, d'Rosa an hire méi jonke Brudder Sylvester huet missen eleng opzéien. No der Trennung vun den Elteren ass d'Rosa McCauley op Pine Level geplënnert, eng Uertschaft, déi e bësse baussent Montgomery läit. Do huet ass si vun eelef Joer un an d'Montgomery Industrial School for Girls, eng Schoul déi nëmme fir Afroamerikanerinne war, gaangen.

Duerno ass si an den Alabama State Teachers College for Negroes gaangen. Se konnt hiren Ofschloss allerdéngs net maache well si sech huet missen ëm hir krank Mamm këmmeren. No enger ofgebrachener Ausbildung huet d'Rosa McCauley ugefaangen, als Néiesch ze schaffen. 1932 huet d'Rosa de Raymond Parks bestuet, dee sech politesch engagéiert huet a Member vun der NAACP war. Et war hire Mann, dee si dozou bruecht huet, hiren Ofschloss 1933 nozehuelen an och Member vun der NAACP ze ginn, wou si bis 1957 als fräiwëlleg Sekretärin geschafft huet.

Den 1. Dezember 1955 ass d'Rosa Parks dann an d'Geschicht agaangen: wéi e wäisse Mann sech op hir Plaz am Bus setze wollt, ass si einfach sëtze bliwwen. Am Fong hätt si him missen hir Plaz iwwerloossen, well d'Segregatiounsgesetz dat sou gereegelt huet. De Buschauffer huet doropshin d'Police geruff. Dee passive Widderstand huet d'Rosa Parks eng Strof vun 10 Dollar wéinst Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung plus 4 Dollar Geriichtskäschte kascht.

No deem Tëschefall ass d'Rosa Parks nach weider politesch aktiv bliwwen. 1992 huet si hir Autobiographie My Story verëffentlecht.

En anere wichtege Punkt an hirem Liewe war den 30. August 1994. Op deem Dag gouf si vun engem afroamerikanesche Mann iwwerfall. Wéi si hie gefrot huet, ob hie géif wësse, wien en do géif iwwerfalen, huet hie geäntwert, hie géif et wëssen, mä et wier him awer komplett egal. Hien huet also weider op déi mëttlerweil 81-järeg ageschloen a se schwéier verwonnt leiegelooss.

Spéider huet sech d'Rosa Parks op Detroit zeréckgezunn a sech manner an der Ëffentlechkeet gewisen. De 24. Oktober 2005 ass si am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

De Mythos Rosa Parks

änneren

Dacks gëtt d'Rosa Parks als Kämpferin, déi eleng gehandelt huet, duergestallt. No engem laangen an haarden Aarbechtsdag soll si sou midd gewiescht sinn, datt si keng Kraaft méi hat, fir hir Sëtzplaz fräizeginn. Si soll also spontan an ouni politesch Motivatioune gehandelt hunn. D'Bild vun enger schwaarzer Fra vu mëttlerem Alter, déi sech eleng a grad dowéinst heldenhaft géint d'Ongerechtegkeet vun der Welt stellt, ass sou awer net ganz richteg.

D'Wichtegkeet an d'Bedeitung vun där Aktioun an de Mutt vun der Rosa Parks sollen op kee Fall verklengert ginn. An et sollt een och wëssen, datt hir Decisioun sech iwwerhaapt z'engagéieren, net manner wichteg war wéi hir Standhaftegkeet am Bus. Engersäits war si awer net déi éischt Afroamerikanerin, déi refuséiert huet, hir Sëtzplaz fir eng wäiss Persoun opzeginn. D'Irene Morgan hat dat schonn zéng Joer virdru gemaach a sou duerchgesat, datt et an zwëschestaatleche Bus- an Zuchverbindunge keng Rassentrennung méi gouf an anerersäits war d'Rosa Parks aktiv an der NAACP, si hat also duerchaus politesch Motivatiounen.

Ausserdeem stellt si och an hirer Autobiographie My Story kloer, datt si net einfach nëmme midd war no engem Aarbechtsdag, wéi dacks erzielt gëtt, mä datt si es sat hat, ëmmer missen nozeginn.

Literatur

änneren

1992 koum hir Autobiographie eraus.

Gielercher

änneren
  • 1979 krut d'Rosa Parks vun der NAACP d'Spingarn Medal, déi héchst Auszeechnung vun der Organisatioun, déi zanter 1915 fir aussergewéinlech Leeschtungen un Afroamerikaner vergi gëtt.
  • 1983 gouf d'Rosa Parks an d'Michigan Women's Hall of Fame opgeholl an domat fir Aktivitéiten an der Biergerrechtsbeweegung geéiert.
  • 1999 krut d'Rosa Parks d'Medal of Honour vum US-amerikanesche Kongress, déi héchst Zivil-Medail an den USA.
 
D'Rosa Parks

D'American Public Transportation Association huet den 1. Dezember zum Tribute to Rosa Parks Day erkläert. Op deem Dag soll d'Sëtzplaz direkt hanner dem Buschauffer an all Bus fräigehale ginn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Rosa Parks – Biller, Videoen oder Audiodateien