Michel Vianey
franséische Filmregisseur
De Michel Vianey, gebuer den 9. Februar 1930 zu Paräis, a gestuerwen den 29. Dezember 2008 zu Blennes, war e franséische Journalist, Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Michel Vianey | |
---|---|
Gebuer |
9. Februar 1930 13. Arrondissement |
Gestuerwen |
30. Dezember 2008 Blennes |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Journalist, Filmregisseur, Schrëftsteller, Regisseur |
De Michel Vianey huet fir d'éischt als Journalist beim L'Express a beim Nouvel Observateur geschafft. Duerno huet hie Romaner geschriwwen a vun 1974 un huet hien Dréibicher geschriwwen an och Filmer als Regisseur realiséiert.
Filmographie
ännerenKino
ännerenals Regisseur
änneren- 1975: Simon dans l'autobus - (Kuerzfilm)
- 1977: Un type comme moi ne devrait jamais mourir - Haaptacteuren: Jean-Michel Folon, Francine Racette, Mort Shuman
- 1977: Plus ça va, moins ça va - Haaptacteuren: Jean-Pierre Marielle, Jean Carmet, Niels Arestrup
- 1980: Un assassin qui passe - Haaptacteuren: Jean-Louis Trintignant, Carole Laure, Richard Berry
- 1982: Un dimanche de flics - Haaptacteuren: Victor Lanoux, Jean Rochefort, Barbara Sukowa
- 1985: Special Police - Haaptacteuren: Richard Berry, Carole Bouquet, Fanny Cottençon