An der Lëscht vun den ISO 3166-2-Codë fir Lëtzebuerg stinn d'Codë fir déi zwielef Lëtzebuerger Kantonen.

D'Codë bestinn aus zwéin Deeler, déi duerch e Bindestréch (typographesch och Divis genannt) vunenee getrennt sinn.

Den éischten Deel weist de Lännercode no der ISO-Norm 3166-1 (fir Lëtzebuerg LU), den zweeten de Code fir de Kanton.

D'Codë goufe fir d'lescht am November 2015 geännert.[1] Virdru stoungen d'Codë fir déi dräi Lëtzebuerger Distrikter, déi zanter dem 3. Oktober 2015 ofgeschaf sinn[2].

Codéierungslëscht

änneren

Aktuell Lëscht vun de Kantonscoden

änneren
 
Déi zwielef Lëtzebuerger Kantonen.
Kanton Code
Capellen LU-CA
Klierf LU-CL
Dikrech LU-DI
Iechternach LU-EC
Esch-Uelzecht LU-ES
Gréiwemaacher LU-GR
Lëtzebuerg LU-LU
Miersch LU-ME
Réiden LU-RD
Réimech LU-RM
Veianen LU-VD
Wolz LU-WI

Fréier Lëscht vun den Distriktcoden

änneren
 
Déi fréier Lëtzebuerger Distiker.
Distrikt Code
Dikrech LU-D
Gréiwemaacher LU-G
Lëtzebuerg LU-L

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. iso:code:3166:LU op der Online Browsing Platform vun iso.org.
  2. Loi du 2 septembre 2015 portant abolition des districts (...). legilux.lu (19.10.2024). Gekuckt de(n) 12.07.2020.