Frantz Heldenstein
lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sculpteur François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Heldenstein. |
De Frantz oder François Heldenstein, gebuer de 15. Mee 1892 zu Colmer-Bierg, a gestuerwen de 27. Mäerz 1975 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Bannenarchitekt.[1]
Frantz Heldenstein | |
---|---|
Gebuer |
15. Mee 1892 Colmer-Bierg |
Gestuerwen |
27. Mäerz 1975 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Architekt |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1924 |
Famill | |
Geschwëster | Willy Heldenstein |
Kanner | Huguette Heldenstein |
Bei den VIII. Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis krut hie bei de Konschtkompetitioune fir seng Skulptur, Vers l'Olympiade, eng Sëlwermedail. D'Skulptur ass haut am Hall vun der Coque ausgestallt.
1920 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Hie war de Brudder vum Willy Heldenstein. Seng Eltere waren den Henri Alphonse Victor Heldenstein (*23.12.1856) an d'Helene Settegast, déi sech de 15. Juli 1889 an der Stad bestuet haten. Säi Grousspapp war den Apdikter a Moler Franz Heldenstein.[2]
Um Spaweck
ännerenKonschtkompetitiounen | ||
Sëlwer | Olympesch Summerspiller 1924 | Skulptur |
Referenzen
änneren- ↑ De Frantz Heldenstein op der Websäit sports-reference.com
- ↑ Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 691-692.
Escher Tageblatt 1918, Nr. 190 (9. Juli), S. 3 (Kunstverein: …Enkel von Papa Franz Heldenstein…). [1]