Equatoriale Koordinatesystem
Den equatoriale Koordinatesystem ass ee vun de geozentresche Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn. E rotéiert entweeder mat der Himmelskugel (System dee rotéiert) oder ass un de Meridian gebonnen (uertsfeste System).
Am Géigesaz zum ekliptikale Koordinatesystem, deen als Bezuch dee vun der Ekliptik (visuell Joresbunn vun der Sonn um Himmel) beschriwwene Plang huet, gëtt de Plang vum Himmelsequator gebraucht.
Beschreiwung
ännerenD'Positioun vun engem Objet um Himmel gëtt duerch zwou Koordinaten uginn:
System dee rotéiert:
- Deklinatioun (Wénkelofstand vum Equatorialplang)
- Rektaszensioun (Wénkelofstand vum Fréijoerspunkt)
De Fréijoerspunkt verréckelt sech duerch d'Prezessioun lues géint de Stärenhimmel, wat ze beuechten ass.
Uertsfeste System:
- Deklinatioun (Wénkelofstand vum Equatorialplang)
- Stonnewénkel (Wénkelofstand vum Meridian)
D'Virzeeche vun der Deklinatioun trennt d'Himmelskugel an d'Nord- a Südhemisphär.
Kuckt och
ännerenD'Ëmrechnung tëscht de verschiddenen astronomesche Koordinatesystemer ass am Haaptartikel Astronomesch Koordinatesystemer beschriwwen.