Catherine Deneuve

franséisch Schauspillerin

D'Catherine Deneuve (Gebuertsnumm: Catherine Fabienne Dorléac), gebuer den 22. Oktober 1943 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.

Catherine Deneuve
Gebuertsnumm Catherine Fabienne Dorléac
Gebuer 22. Oktober 1943
17. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Mannequin, Sänger, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat David Bailey
Liewenspartner(in) Roger Vadim, Marcello Mastroianni
Papp Maurice Dorléac
Mamm Renée Simonot
Geschwëster Françoise Dorléac
Kanner Christian Vadim, Chiara Mastroianni
D'Deneuve am Film "The April Fools" (1969)

D'Catherine Deneuve privat

änneren

Si ass 1943 an enger Famill vu Schauspiller gebuer. Hire Papp war de Maurice Dorléac an hir Mamm d'Renée Deneuve. Hir Schwëster huet den Numm vum Papp a si den Numm vun der Mamm iwwerholl. Hir Sëschter, d'Françoise Dorléac (1942 - 1967), war och eng bekannt Schauspillerin, déi awer jonk bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum.

Aus hirer Liaisoun mam Filmregisseur Roger Vadim huet d'Catherine Deneuve e Kand, de Schauspiller Christian Vadim (* 18. Juni 1963.

Am Joer 1965 huet si sech mam Fotograf David Baley (* 02. Januar 1938) bestuet. Am Joer 1972 ass si vum David Bailey gescheet ginn.

D'Schauspillerin Chiara Mastroianni (* 28. Mee 1972) ass hir Duechter, déi si zesumme mam Marcello Mastroianni krut.

D'Catherine Deneuve an de Film

änneren

Ganz jonk, am Joer 1957 huet si si hiren éischte Film Les Collégiennes vum André Hunnebelle gefdréint. Am Joer 1964 hat si hiren éischte groussen Erfolleg mat Les parapluies de Cherbourg vum Jacques Demy.

De Roman Polanski huet hir am Film Repulsion d'Roll vun enger jonker, frigider a schizophrener Mäerderin ginn, eng Roll déi just de Géigendeel vun hire Rolle vu virdru war, wou si gewéinlech dat schéint a braavt Meedche gespillt huet.

Mat Regisseure wéi Jean-Paul Rappeneau (La vie de Château), Michel Deville (Benjamin), Jacques Demy (Peau d'âne) a François Truffaut (La sirène du Mississippi) huet si sech no an no zu enger vun deene bekanntsten a beléiftste franséische Schauspillerinnen entwéckelt.

Mat hirer Schwëster Françoise Dorléac huet si d'Haaptroll am Museksfilm Les demoiselles de Rochefort vum Jacques Demy iwwerholl, zesumme mam Gene Kelly an George Chakiris. Zwou ganz verschidde Rolle krut si vum Luis Bunuel an de Filmer Belle de Jour an Tristana.

Fir hir Roll am Film Le dernier métro vum François Truffaut krut si de César 1981 als bescht Schauspillerin. Duerno koumen nach grouss Rolle mat de Regisseuren André Téchiné (Hôtel des Amériques), Alain Corneau (Le choix des armes), Régis Wargnier (Indochine) a Lars von Trier (Dancer in the Dark).

Gielercher

änneren

Filmographie

änneren
vun 1956 bis 1959
änneren

vun 1960 bis 1969

änneren

vun 1970 bis 1979

änneren

vun 1980 bis 1989

änneren

vun 1990 bis 1999

änneren

vun 2000 bis 2009

änneren

vun 2010 bis 2019

änneren

vun 2020 bis 2029

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Catherine Deneuve – Biller, Videoen oder Audiodateien