25. Mäerz
Datum
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
De 25. Mäerz ass de 84. Dag vum Joer (85. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1924: D'griichescht Parlament rifft d'Republik aus.
- 1957: D'Réimesch Traitéë ginn ënnerschriwwen.
- 2001: D'Schengener Ofkommes gëtt ausgebreet op Dänemark, Finnland a Schweden an och d'Net-EU-Staaten Island an Norwegen.
Sport
änneren- 1956: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 1992: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Tierkei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Paul Girres an Thomas Wolf geschoss.[2]
- 2011: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[3]
- 2016: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Bosnien-Herzegovina, dobäi huet de Lëtzebuerger Maxime Chanot ee Selbstgol geschoss.[4]
- 2017: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 1:3 géint Frankräich, den Aurélien Joachim huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[5]
- 2019: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an der Qualifikatioun an engem Qualifikatiounsmatch fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1:2 géint d'Ukrain. Den Dave Turpel huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss, an an der 93. Spillminutt war de Gerson Rodrigues den "Auteur" vum Selbstgol.[6]
Gebuer
änneren-
Béla Bartók
-
Norman Borlaug
-
Aretha Franklin
-
Elton John
- 1347: Catherine vu Siena, chrëschtlech Helleg a Mystikerin.
- 1858: Albert Rodange, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1868: Eugène Kurth, lëtzebuergesche Moler.
- 1870: Arnold Schwassmann, däitschen Astronom.
- 1881: Béla Bartók, ungaresche Komponist.
- 1897: Jean Epstein, Filmregisseur.
- 1908: David Lean, brittesche Filmregisseur.
- 1908: Helmut Käutner, däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1914: Norman Ernest Borlaug, US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler a Friddensnobelpräisdréier.
- 1918: Victor Vicas, russesch-franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1921: Simone Signoret, franséisch Filmschauspillerin.
- 1927: Herbert Fux, éisträichesche Schauspiller a Politiker.
- 1927: Monique van Vooren, belsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1929: Roger Behm, lëtzebuergesche Boxer.
- 1932: Anouk Ferjac, franséisch Schauspillerin.
- 1933: Josy Simon, lëtzebuergesche Politiker a Sportler.
- 1933: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.
- 1934: Norbert von Kunitzki, lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager.
- 1934: Jeannot Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1942: Aretha Franklin, US-amerikanesch Sängerin.
- 1947: Elton John, brittesche Museker.
- 1961: Pitt Brandenburger, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1961: John Stockwell, US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 1965: Fred Berend, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 1966: Tatjana Patitz, däitsche Model a Filmschauspillerin.
- 1967: Nathalie Reuter, lëtzebuergesch Molerin.
- 1972: Monique Adams, lëtzebuergesch Staatsbeamtin a Member vum Staatsrot.
- 1979: Christian Neuman, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 1980: Bassirou Diomaye Faye, senegaleesesche Politiker.
- 1994: Jenny Warling, lëtzebuergesch Karateka.
- 1995: Gil Sietzen, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 2003: Ralph Daleiden, lëtzebuergesche Schwammsportler.
Gestuerwen
änneren- 1801: Novalis, däitschen Dichter a Philosoph.
- 1803: Johann Evangelist Helfenzrieder, däitsche Theolog, Mathematiker an Astronom.
- 1826: François-Joseph Maisonnet, lëtzebuergesche Moler.
- 1871: Nicolas Rothermel, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1914: Frédéric Mistral, franséischen Dichter a Linguist.
- 1918: Claude Debussy, franséische Komponist.
- 1944: Kurt Laves, däitsch-US-amerikaneschen Astronom.
- 1950: Jean-Pierre Theisen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1952: Léon Kauffman, Lëtzebuerger Politiker.
- 1962: Auguste Piccard, Schwäizer Physiker.
- 1962: Joseph Hurt, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
- 1965: Ladislao Vajda, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1973: Edward Steichen, US-amerikanesche Fotograf a Curateur, gebuer zu Lëtzebuerg.
- 1975: Faisal, saudi-arabesche Kinnek.
- 1975: Victor Wassenich, lëtzebuergeschen Ornitholog an Zwangsrekrutéierten.
- 1977: Nunnally Johnson, US-amerikaneschen Dréibuchauteur, Produzent a Regisseur.
- 1978: Jack Hulbert, brittesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1978: Paul Hammer, lëtzebuergesche Liichtathleet an Olympionik.
- 1980: Roland Barthes, franséische Literaturkritiker, Schrëftsteller a Philosoph.
- 1983: Jey Kugeler, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1983: Jean-Baptiste Schilling, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1999: Alphonse Grimler, lëtzebuergeschen Handballspiller, Gewerkschaftler a Politiker.
- 2006: Richard Fleischer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2006: Tom Toelle, däitsche Filmregisseur.
- 2012: Raymond Bley, lëtzebuergesche Vëlossportler
- 2015: Ivo Garrani, italieenesche Schauspiller.
- 2016: Imre Pozsgay, ungaresche Politiker.
- 2021: Bertrand Tavernier, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2022: Taylor Hawkins, US-amerikanesche Museker.
- 2024: Fritz Wepper, däitsche Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 25. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 25. Mäerz 1956 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tierkei de 25. Mäerz 1992 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-FRankräich de 25. Mäerz 2011 op der Websäit vun European Football
- ↑ Lännermatch Lëtzebuerg-Bosnien-Herzegovina op eu-football.info
- ↑ D'Detailer vum Match Lëtzebuerg-Frankräich vum 25. Mäerz 2017 op eu-football.info
- ↑ https://eu-football.info/_match.php?id=15981