Édouard Manet
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Édouard Manet. Fir de Claude Monet, en anere franséischen impressionistesche Moler, kuckt wgl. Claude Monet. |
Den Édouard Manet, gebuer den 23. Januar 1832 zu Paräis an och do den 30. Abrëll 1883 gestuerwen, war e franséische Moler.
Édouard Manet | |
---|---|
Gebuer | 23. Januar 1832 |
Gestuerwen |
30. Abrëll 1883 8. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Illustrateur, Lithograph, Bauzeechner, Zeechner, visuelle Kënschtler, Kënschtler |
Hie war ee vun den éischte Moler vum 19. Joerhonnert, deen d'Liewen an d'Leit vu senger Zäit am alldeegleche Kontext gemoolt huet, a spillt och eng wichteg Roll beim Iwwergang vum Realismus zum Impressionismus.
Seng éischt Meeschterwierker, Le déjeuner sur l'herbe an Olympia, allen zwee aus dem Joer 1863, hu fir grouss Kontrovers gesuergt, a ware Virbild an Encouragement fir aner jonk Moler, de Wee vum neien impressionistesche Stil anzeschloen. Haut ginn déi zwee Biller als Meilesteen vum Entstoe vun der moderner Konscht ugesinn.
Säi Stil war ufanks vum Frans Hals, Francisco de Goya an Diego Velázquez beaflosst. Méi spéit huet hie sech mat den impressionistesche Moler Edgar Degas, Claude Monet, Pierre-Auguste Renoir, Alfred Sisley, Paul Cézanne a Camille Pissarro a Berthe Morisot befrënnt.
Och mat de Schrëftsteller Émile Zola, Stéphane Mallarmé a Charles Baudelaire war hie befrënnt, an si hunn hien a senger Aarbecht ënnerstëtzt; grad sou wéi hie vun hinne Portraite gemaach huet.
Galerie
änneren-
Musique aux Tuileries, 1862
-
Le déjeuner sur l'herbe, 1863
-
Olympia, 1863
-
Berthe Morisot, 1872
-
Selbstportait mat Pallett, 1879
-
Le Café Concert, 1878
-
Les courses à Longchamp, 1864.
-
L'exécution de l'Empereur Maximilien, 1867.
-
La barricade (Guerre civile)
-
Le Chemin de fer (oder Gare Saint-Lazare), 1873
-
Un Bar aux Folies-Bergère, 1882
-
Le chanteur espagnol, 1860
-
Le vieux musicien, 1862
-
Mlle. Victorine en costume de matador, 1862
-
Le Christ mort et les anges, 1864
-
La bataille du Kearsarge et de l'Alabama, 1864.
-
Le matador mort, 1864–1865
-
Le Philosophe 1864–1867
-
Lompekréimer, 1865-1870
-
Jonke Flüttist, 1866
-
Nature-morte mat Meloun a Pijen, 1866
-
L'acteur tragique (Rouvière als Hamlet), 1866
-
Fra mam Papagei, 1866
-
Portrait de Madame Brunet, 1867
-
L'exécution de l'Empereur Maximiliain, 1868
-
Portrait d'Émile Zola, 1868
-
Déjeuner à l'atelier, 1868
-
Le balcon, 1868–1869
-
Bateaux 1874
-
Le Grand Canal à Venise, 1875
-
Madame Manet, 1874-1876
-
Portrait de Stéphane Mallarmé, 1876
-
Nana, 1877
-
La Rue Mosnier pavoisée, 1878
-
The Plum, National Gallery of Art, 1878
-
''Au Conservatoire, 1879
-
Chez le père Lathuille, 1879
-
Bouquet d'asperges, 1880
-
The Bugler, 1882
-
Maison à Rueil, 1882
-
Chemin de jardin à Rueil, 1882
-
Fleurs dans un vase de cristal, 1882
-
Bouquet de lilas, nature morte, 1883]]
-
Oeillets dans un vase de cristal, 1883
Literatur
ännerenKuerz Aféierungen:
- Gilles Neret: Manet (2003; Taschen), ISBN 3-8228-1949-2
- Gilles Neret: Manet John Richardson (1992; Phaidon Colour Library), ISBN 0-7148-2755-Xnism. New York: Waller & Company, 2006 ISBN 0-8027-1466-8.
Méi laang Etuden:
- Édouard Manet: Rebel in a Frock Coat by Beth Archer Brombert (1996), ISBN 0-316-10947-9 and ISBN 0-226-07544-3 (1997 paperback)
- Manet by Françoise Cachin (1990 in French; English translation 1991), ISBN 0-8050-1793-3
- The Drawings of Édouard Manet by Alain de Leiris (1969), ISBN 0-520-01547-9
- The Painting of Modern Life: Paris in the Art of Manet and His Followers by T.J. Clark (1985), ISBN 0-500-28179-3 (2000 paperback edition)
- Manet: Painter of Modern Life by Françoise Cachin (1995), ISBN 0-500-30050-X
Um Spaweck
ännerenCommons: Édouard Manet – Biller, Videoen oder Audiodateien |