Mustafa Kemal Atatürk

tierkesche Grënner vun der moderner Tierkei

De Mustafa Kemal Atatürk, gebuer den 19. Mee 1881 zu Saloniki, a gestuerwen den 10. November 1938 zu Istanbul, war en tierkesche Generol a Grënner vun der moderner Tierkei.

Portrait vum Mustafa Kemal Atatürk

De Mustafa Kemal war bei der Gruppéierung vun de Jong Tierken aktiv, denen et 1908/1909 gelonge war eng biergerlech Verfassung géint den deemolege Sultan duerchzesetzen.

An de Joren 1911 an 1912 huet hien am italienesch-tierkesche Krich deelgeholl an hien huet als Kommandant am Éischte Weltkrich op der Säit vun Däitschland d'Landung vun den Alliéierten op den Dardanellen verhënnert.

Nom Enn vum 1. Weltkrich huet de Mustafa Kemal sech un d'Spëtzt vun enger Beweegung géint déi alliéiert a griichesch Besatzung vun der Tierkei gesat. 1920 huet hien eng Nationalversammlung zu Ankara aberuff an 1921/22 huet de Mustafa Kemal d'Griichen aus Klengasien verdriwwen.

1923 huet hien d'Republik ausgeruff.

Als éischte President vun der Tierkei huet hien mat diktatoresche Mëttel d'Land déifgräifend no westlechem Virbild reforméiert. Sou huet hien ënner anerem déi laténgesch Schrëft an e biergerlecht Gesetzbuch ageféiert. Hien huet sech och fir d'Emanzipatioun vun de Fraen agesat an huet de Verbuet vum Fez a vum Schleier an den ëffentleche Schoulen duerchgesat.

Dem Mustafa Kemal huet esou d'Tierkei aus dem Mëttelalter an d'Neizäit gefouert an 1934 huet hien den Éierentitel Atatürk (Papp vun den Tierken) kritt.

Um Spaweck

Commons: Mustafa Kemal Atatürk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA